5.4 Menüsprooch auswielen
Esoubal d'Telecommande mat der Set Top Box gekoppelt gouf, gëtt
d'Sproochauswiel ugewisen. Wielt hei déi gewënscht Sprooch fir
d'Benotzer-Interface aus.
1.
Wielt déi gewënscht Sprooch aus.
2. Bestätegt Är Auswiel duerch Drécke vun der Tast OK.
Illustratioun 4: Sproochauswiel
5.5 Software-Updaten
Software-Updatë ginn automatesch duerchgefouert. Wann et scho
bei der éischter Mise en service e Software-Update gëtt, musst Dir fir
d'éischt de Software-Update installéieren. Follegt dofir den Uweisungen
op der Televisioun.
6 Telecommande
D'Telecommande huet en automateschen Energiespuermodus, fir
d'Liewensdauer vun de Batterien ze erhéijen. Den Energiespuermodus
hält op, esoubal déi gréng LED zweemol kuerz hannerenee blénkt.
D'Telecommande kann entweeder am Bluetooth- oder am Infrarout-
Modus benotzt ginn. Zousätzlech kënnt Dir eng Televisioun
aprogramméieren. Doduerch kënnt Dir mat der Telecommande d'Set
Top Box an Är Televisioun steieren. Wéi Dir de Signaltyp ännert
(Bluetooth oder Infrarout), liest Dir op Säit 12.
Eltrona P580 Hybrid CM | 9